Temoignagë vu BetraffenenPsychesch Belaaschtung als Suite vu Corona-Infektioun

RTL Lëtzebuerg
Wéi eng Spueren hannerléisst Covid-19 bei Infizéierten? Där Fro ginn den Ament eng Rei Etüden no.
Psychesch Belaaschtung als Suite vu Corona-Infektioun
Wéi eng Spueren hannerléisst Covid-19 bei Infizéierten? Där Fro ginn den Ament eng Rei Etüden no.

Middegkeet, Häerz a Longeproblemer zielen zu de Sequellen, déi Patienten an de Méint no der Infektioun belaaschte kënnen. Souvill ass gewosst. Awer och moralesch a psychesch setzt de Virus Kranken an och dacks genuch nach Geheelten zou. Den Eric De Marchi an d’Pascale Barthel hunn am Fréijoer zu den éischte Covid-19-Patienten am Land gehéiert. Alle béid ware se 6 Wochen ausser Gefecht. Nieft de klassesche Symptomer vu staarkem Féiwer, Drock op der Broscht, Otemproblemer hat den Eric De Marchi och manner typescher. Nierewéi, Verdauungsproblemer, d’Gefill e Steen am Mo ze spieren an eng staark Middegkeet.

Op de Moment selwer hätt hie sech heiansdo wéi eng Laascht fir seng Famill gefillt, seet den Eric de Marchi. Och déi deemools nach als ontypesch consideréiert Verdauungsproblemer hunn dem Familljepapp ze schafe gemaach. Hien hätt sech eleng gefillt a sech heiansdo souguer gefrot, op hien net Hypochondrie hätt. Vu datt hien op emol wochelaang krank war a keng Energie méi hat.

D’Pascale Barthel ware mer schonn am Juli besichen. Dës Kéier hu mer si am Parc getraff. An hirer Wunneng wëll si kee méi empfänken a si geet och quasi net méi virun d’Dier. Aus Angscht virun enger zweeter Corona-Infektioun. Si kréich Panikattacken, wa si nëmme géif drun denken, datt si ënner Leit misst, esou d’Informatikerin. Déi zanter Méint just nach am Homeoffice schafft a just nach online bestellt. Wärend der Infektioun am Fréijoer ass d’Pascale Barthel heiansdo nuets erwächt, well se keng Loft méi krut a schlëmm Péng an de Longen hat. Dat wéilt si net nach eng Kéier matmaachen. Seet déi jonk Fra, déi zanter Méint a psychologescher Behandlung ass.

Angschtzoustänn an de Méint no der Covid-Erkrankung si relativ geleefeg. Dat weisen éischt Resultater vun enger internationaler Etüd bei där och de CHL matmécht. Hei ginn allerdéngs just Patiente befrot, déi hospitaliséiert goufen.

Back to Top
CIM LOGO