Dokument läit zanter 2 Joer am SchafPsychotherapeuten net méi presséiert, fir Konventioun mat CNS z’ënnerschreiwen

RTL Lëtzebuerg
D'Psychotherapeute schaffen elo schonn zanter 4 Joer ob Basis vun engem ministerielle Reglement.
© René Pfeiffer / RTL

Am Sträit tëscht der Dokterschaft an der Gesondheetskeess gëtt d'Politik net midd, fir d'Bedeitung vum konventionéierte Medezin-System zu Lëtzebuerg z'ënnersträichen. Dat obwuel d'Konventiounen tëscht AMMD an CNS Enn des Mounts zimmlech sécher auslafen an d'Remboursementer da per Reglement musse gereegelt ginn.

D'Psychotherapeute schaffen elo schonn zanter 4 Joer ob Basis vun engem ministerielle Reglement. An dat mol guer net schlecht. D'Fapsylux ass dowéinst och mol guer net sou presséiert, d'Konventioun mat der CNS z'ënnerschreiwen, obwuel déi fäerdeg am Tirang läit.

Fapyslux vs CNS: De Reportage vum Claude Zeimetz

An dat net réischt zanter gëschter, mä elo antëscht schonn zanter 2 Joer. Offiziell heescht et vun der CNS, datt de Pabeier nach misst intern vum "Service juridique" vun der Gesondheetskeess iwwerpréift ginn. An dat schéngt nawell vill Zäit ze brauchen.

Den Tresorier vun der Fapsylux, de Psychotherapeut Alain Massen: "De Moment hu mer lo keen neie Message kritt an där Saach. Mir hu virum Summer nach emol nogefrot an där Saach, dunn huet et geheescht, dat dauert nach. Mir kucke lo mol wéi et mat der AMMD geet an da gesi mer weider. An zanterhier hu mer lo keen neie Message kritt. Also op jiddwer Fall ass bäi mir keen ukomm."

Tëschefro vun RTL : "Dir dréckt och lo net onbedéngt als Fapsylux, datt et elo misst onbedéngt viru goen?"

"Mir hunn alles verhandelt. Mir haten e Wee fonnt mat der CNS. Mir hunn duerno oft nogefrot. Et kënnt näischt. Mir hunn e Reglement mat deem eis Membere kënne schaffen. An deem Sënn lafe mir der Saach elo net no. Wann elo eng Propositioun vun hinnen kënnt, da musse mer déi dann nach eng Kéier diskutéieren an da gesi mer weider."

D'Reglement gëtt de Psychotherapeuten, déi zanter 2015 gesetzlech unerkannt sinn, eng gewësse Fräiheet. Den Alain Massen wëll awer am ugespaante politesche Kontext op kee Fall falsch interpretéiert ginn. D'Fapsylux géif déi ausgehandelt Konventioun awer lo net prinzipiell a Fro stellen, huet hien am Interview betount.

"D'Konventioun huet awer och hir Virdeeler. Duerfir géif ech elo net soen, mir wëlle keng Konventioun."

PID just mat enger Konventioun applicabel?

Zum Beispill kéint een esou eng gewësse Qualitéitskontroll garantéieren an de Patienten d'Rechnunge via de PID ofrechnen. Do hätt d'Fapsylux bis elo ëmmer gesot kritt, dat wier just mat enger Konventioun méiglech.

"Duerfir gëtt et lo ganz spannend fir ze gesinn, wat da lo geschitt, wann den Dokteren hir Konventioun elo ausleeft oder ersat gëtt, ob dann de PID ("paiement immédiat direct") rëm réckgängeg gemaach gëtt oder ob et op eemol awer geet. A wann et dann awer geet, wäerte mir natierlech "à charge" kommen, datt dat dann och fir eis geet. Dann hätte mer dee Punkt mol gekläert. Och ouni Konventioun."

Relatiounen tëscht Fapsylux an CNS waren no einfach

Diskussiounen tëscht dem Daachverband vun de Psychotherapeuten an der Gesondheetskeess sinn alles anescht wéi nei. 2022 war et dem deemolegen Sozialminister Claude Haagen duergaangen, datt béid Säite sech och no Joren net op en Tarif fir eng Seance gëeenegt kruten an hien huet eegestänneg per Reglement eng Zomm drop gesat. Déi stoung lo net méi zur Dispositioun. Den Tarif ass déi lescht Jore mam Index geklommen, läit awer nach ëmmer ënnert den 175 Euro pro Stonn, déi den Daachverband vun de Psychotherapeuten um Enn vun den zéie Verhandlungen mat der Keess gefuerdert hat.

"Frou iwwert all Psychotherapeut, dee sech néierléisst"

Di grouss Angscht vun der CNS vun deemools, datt Lëtzebuerg mat Psychotherapeute géif iwwerschwemmt ginn, wa Seancë mat engem héijen Taux géife kënne facturéiert ginn, wier op alle Fall net agetratt, stellt den Alain Massen haut fest. Et wier ee frou fir all Psychotherapeut, dee sech am Grand-Duché néier léisst.

"Mir kommen der Demande net no. Ganz vill vu menge Kolleegen huelen den Ament guer keng Patiente méi un. Dat steet dann och op hirem Internetsite."

D'Waardezäit fir als neie Patient e Rendez-vous fir eng Psychotherapie ze kréien, leien nach an der Moyenne bei 6 Méint. Do wier et net besser dru wéi d'Psychiateren, bei deenen dat lo schonn zanter de Joren sou wier, sou den Alain Massen. An dat an Zäiten, wou déi mental Gesondheet grouss geschriwwe gëtt. Ganz aktuell an der “Semaine de la santé mentale”.

Back to Top
CIM LOGO