MunnerefQuadripartite vum Gesondheetssecteur fir hir Hierscht-Reunioun beieneen

RTL Lëtzebuerg
Am Domaine Thermal zu Munneref ass e Mëttwoch an enger ugespaanter Atmosphär d'Quadripartite vum Gesondheetssecteur fir hir Hierscht-Reunioun beieneen.

D’Regierung gesäit sech also mat de Gewerkschaften, dem Patronat an de Prestatairen, fir notamment ze kucken, wéi et finanziell ëm d’Konte vun der Krankekeess bestallt ass, déi jo wéinst der Pandemie zimmlech strapazéiert goufen.

D’CNS hat 2021 mat engem Minus vu bal 56 Milliounen Euro ofgeschloss. Fir dëst Joer gëtt mat engem Minus vun 48 Millioune gerechent.

Dernieft soll eng besser Prise en charge vun Zänndoktesch-Agrëffer zur Sprooch kommen - eppes, dat d’Gewerkschafte wéi den OGBL an engem Communiqué e Mëttwoch widderhuelen a schonn zanter fënnef Joer fuerderen. Trotzdeem gouf bis haut nach näischt Konkretes erreecht.

De Constat, datt et zu Lëtzebuerg net genuch Santéspersonal gëtt, gëtt vun alle Säite gedeelt. Wie Schold un der aktueller Penurie ass, doriwwer ginn d’Meenungen auserneen. D’Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD reprochéiert dem LSAP-Gesondheetsministère zanter Joren, eng verfeelte Politik ze maachen.

Den OGBL sengersäits seet, d’AMMD géif d’Basis vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem attackéieren an op deene falsche Plazen no Léisunge sichen. Nëmmen den Ausbau vun engem staarken ëffentleche Gesondheetssystem géif Lëtzebuerg fir zukünfteg Defie preparéieren, ënnersträicht d’Gewerkschaft am Virfeld vun der Quadripartite.

Am Schreiwes gëtt doriwwer eraus bedauert, datt den annoncéierten Aarbechtsgrupp, deen d’Finanze vun der Assurance maladie-maternité sollt suivéieren, bis ewell ni zesummekomm ass.

Back to Top
CIM LOGO