“Quality-Time” heescht dat neit Konzept vun engem Lëtzebuerger Betrib.
Eng Traditiouns-Bank zu Lëtzebuerg gëtt kreativ. Manner schaffen, ouni awer u Pai ze verléieren. Eng Auszäit, wann ee se brauch. En Dag fräi, wann d‘Kand doheem krank ass oder wann de Weekend um Chrëschtmaart en Dag méi laang soll daueren. Eng Rei Betriber am Ausland lackele mat ugepasste, respektiv verkierzte Aarbechtszäite Personal un. E Sujet, deen am Walkampf déck diskutéiert gouf.
Zanter dem 1. Januar gëtt bei der Raiffeisen zu Lëtzebuerg just nach 38 Stonne geschafft. Konkret heescht dat: 1 Dag de Mount fräi fir no sech ze kucken – Quality Time. D‘Anne Hermes schafft zanter 2018 zu Leideleng a betreit d‘Clienten bei Transaktiounen online. Deen extra fräien Dag de Mount hëlleft, den Alldag ze bewältegen: „Ech hunn de Quality-Time scho genotzt, fir mat der Famill Saachen ze ënnerhuelen oder mat Frënn mol eng kéier fortzegoen. Fir e verlängerte Weekend ze maachen. Et sinn och Kolleegen, déi gäre mol an d‘Ausland op e Concert ginn. Do ginn et vill verschidde Méiglechkeeten, fir deen Dag anzesetzen.“
Ongeféier 80 Prozent vum Personal profitéiert reegelméisseg vun der Optioun. Fir den Yves Sommer deen zanter 16 Joer fir d‘Bank schafft an d’Agence zu Leideleng geréiert, ass et en “Nice to have“. Och wann en éischter méi rar d‘Optioun Quality-Time zitt: „Am Summer hunn ech méi dacks benotzt, fir wann d‘Aarbecht gemaach war, éischter ze goen a Mëttes Vëlo fueren ze goen. Ech huele mer elo awer eng Kéier e ganzen Dag de 6. Dezember. Meng Kanner sinn nach an der Spillschoul. Da verbréngen ech Kleeserchersdag mat hinnen zesummen.“
D‘Iddie fir d‘Konzept koum d‘lescht Joer. D‘Lockerung vun der Aarbechtszäit wier noutwendeg ginn, nodeems d‘Raiffeisen, ewéi vill aner Lëtzebuerger Banken, Leit un den ëffentleche Secteur verluer huet, erkläert de Laurent Derkum Personalchef vun der Raiffeisen: „Mir wëllen eis awer net driwwer beschwéieren. Et ass eng legitim Konkurrenz a mir mussen eis als Patron esou positionéieren, datt mer attraktiv sinn an dat heescht, nei Weeër goen. Saache probéieren. Et muss een de Besoine vun den Aarbechter entgéintkommen an dat maache mer mat konkrete Mesuren ewéi dem Quality-Time. Et fonctionéiert. Eisen “Taux de rotation“ geet staark erof. Mir verléiere vill manner Leit bei de Staat an Entreprisen.“
D’Decisioun fir eng méi flexibiliséiert Aarbechtszäit war eng riskéiert, déi och Ugangs vun enger Rei Leit – intern - kontestéiert gouf. Iwwert déi éischt 10 Méint ass d‘Produktivitéit awer stabil bliwwen. D‘Zuel u Kandidaturen fir eng fräi Plaz ass ëm 50% geklommen. Ma och d‘Krankschreiwung sinn ëm 30% erofgaangen. „Et ass e Fakt, datt dat erofgaangen ass,” esou de Personalchef. “A generell mierkt een an der Bank, et ass zwar méi subjektiv, datt d‘Leit méi “à l‘aise“ sinn. Et ass eng aner Stëmmung an d‘Leit appreciéieren et, hiren Job kënne weider gutt ze maachen, mee trotzdeem hire private Verflichtungen nozekommen, ouni datt déi weider Stress duerstellen.“
D‘Mataarbechter vun der Raiffeisen sinn iwwerzeegt. Fir d‘Anne Hermes geet et elo mol fir e verlängerte Weekend an de Süden – qualitativ Zäit fir sech. De Bonus: E puer Deeg fort vu Reen a Keelt.