
De positive Schnelltest an der Schoul muss net méi onbedéngt vun engem PCR-Test confirméiert ginn. De concernéierte Schüler muss awer direkt an Isolatioun. Fakultativ kann e PCR-Test gemaach ginn, fir d’Resultat ze confirméieren oder e Certificat de rétablissement ze kréien.
Schüler mat engem positive Kontakt teste sech, wa si oder hir Elteren d’Erlabnis ginn hunn, eng Woch laang all Dag an der Schoul. Den Enseignant vun der concernéierter Klass test sech och all Dag. Am Lycée maachen iwwer 80% vun de Schüler bei den Tester mat, de Gros ass och geimpft. An der Grondschoul läit d’Participatioun bei 95%.
Schüler ginn net méi automatesch a Quarantän gesat, wa méi Fäll an enger Klass sinn. Schüler, déi net geimpft oder geheelt sinn an och net um verstäerkten Testing deelhuelen, musse fir 7 Deeg a Quarantän. Do raus komme se mat engem zertifiéierte Schnelltest oder engem PCR-Test, soss gëtt d’Quarantän ëm bis zu 7 Deeg verlängert.
Zousätzlech Moossnamen wéi zum Beispill eng ganz Klass a Quarantän ze setzen oder an den Distanzunterrecht ze wiesselen, kënne vun der Santé an dem Educatiounsministère bei engem Zenario 4 decidéiert ginn. D’Schoul huet déi Autonomie net.
Wann dat neit Covid-Gesetz bis gestëmmt, gëllt och an der Schoul déi méi kuerz Isolatiounszäit, wann ee geimpft ass. Dat heescht, de 5. a 6. Dag kann een e Schnelltest doheem maachen. Sinn déi negativ, däerf een de 7. Dag nees zréck an de Cours.
An der Schoul gëllt jo elo no der Vakanz nees eng Maskeflicht. An och am Lycée, an der Grondschoul war dat schonn de Fall, testen d’Schüler sech dräi Mol d’Woch. Fir de Cycle 1 wäerte keng Ännerunge bäikommen.
Och déi Jonk kënne sech elo 3 Méint no hire leschter Impfung boostere loossen, dat hat d’Regierung leschte Freideg decidéiert.
Dës Mesurë goufen den Elteren vun de schoulflichtege Kanner um Méindeg an engem Schreiwes vum Educatiounsministère matgedeelt, dat op Franséisch a Lëtzebuergesch.