
En Donneschdeg géint 18.30 huet e Patient am Spidol um Kierchbierg op d'Personal gespaut a se verbal ugegraff. De Mann huet och probéiert, handgräiflech ze ginn, wat awer konnt verhënnert ginn. Nach op der Plaz gouf festgestallt, dass de Mann ënner Alkoholafloss stoung. E gouf an den Arrest bruecht.
Méi spéit gouf et dunn en ähnlechen Tëschefall zu Ettelbréck am Spidol. Hei gouf kuerz no Hallefnuecht d'Police geruff, well e Patient randaléiert hat. En Dokter huet de Mann als haftfäeg erkläert an e gouf doropshin an den Arrest bruecht.
An der Nuecht op e Freideg war en Automobilist um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte duerch säi Fuerstil opgefall. Eng Policepatrull huet de Mann kontrolléiert a festgestallt, dass en ze vill Alkohol intus hat. Den Auto gouf immobiliséiert an de Führerschäin agezunn.
