Viru Corona stoung d’Gesellschaft scho virun 2 existenzielle Krisen: enger sozialer an enger ökologescher an hu sech elo verschäerft! Dës Ausso um Kongress vun déi Lénk, ass och d’Basis vun hire politeschen Iwwerleeunge fir d’Zukunft. Déi aktuell Regierung hätt versot, a wuel keng kloer Strategie, fir aus der Kris erauszekommen.
Haut presentéiere sech d'Partei anescht wéi nach virun e puer Joer: Méi chic, eng aner Plaz, méi cool, d‘Rieden op dësem „Covid-Kongress“ mat wéineg Leit am Sall. An déi Covid-Kris hätt gewisen, a wéi enge Beräicher mir eis net bräichten ze bretzen, mat eiser neoliberaler Wirtschaftspolitik, déi just an eng Sakgaass géing féieren. Zum Beispill wat déi horrend Logements-Präisser ugéing.
Dem President läit de Vott fir den Etat de Crise deemools wéi haut nach um Mo, opschonns een déi Decisioun net liichtfankeg geholl hätt, an obschonns et mat hinne keen 2. Etat d‘urgence géif ginn. Et hätt ee geleiert aus der Kris, zum Beispill, dass mer staark ëffentlech Spideeler bräichten, keng weider Privatiséierung vun der Santé.
Mä och d‘Oppositioun krut es um lénke Kongress: Stechwuert Steieren. Eng Diskussioun di awer geféiert soll ginn. Zu Lëtzebuerg géif et nämlech ëmmer nach keng Transparenz wat d‘Verméigen, de Patrimoine an de Revenu ugéing. Eng Blackbox déi am Kader vun der Steierreform misst gelies ginn.