
Dat fir d’Maintenanceaarbechten ze maachen, déi d’Korrosioun solle behiewen. D’Ekippe géinge preventiv d’Réier ersetzen an d’Schweesse kontrolléieren.
D’Reakter 3 a 4 funktionéieren den Ament, de Reakter 2 war wéinst Maintenanceaarbechte scho méi laang vum Netz geholl ginn. Do wieren d’Ekippen den Ament amgaangen den Oflaf ze testen, fir de Reakter nees unzeschléissen.
Am Mäerz waren am Reakter 3 vum Atomkraaftwierk zu Cattenom Rëss entdeckt ginn. Mëtt Abrëll war dëse Reakter awer nees ugeschloss ginn.