Neien ZeienopruffRebellioun géint Policebeamten: Kläpperei tëscht 20 Persounen zu Féiz

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den 1. Januar gouf der Police géint 5 Auer eng Kläpperei zu Féiz op engem Parking gemellt. Dra verwéckelt ware ronn 20 Leit.

Op der Plaz huet d'Sécherheetspersonal d'Beamten doriwwer informéiert, dass eng Persoun eng Schosswaff derbäi hätt. Wéi d'Police d'Waff beim Mann gesinn hat, hu si hien opgefuerdert, se falen ze loossen a konnten hie just mat grousser Méi festhuelen.

En anere Mann hat versicht, engem Polizist mat enger Fläsch op de Kapp ze schloen, wat him net gelongen ass. Allerdéngs krut de Beamten eng Fauscht an d'Gesiicht. D'Police huet misse Pefferspray asetzen. D'Situatioun hat sech awer eréischt berouegt, wéi bis Verstäerkung op der Plaz war. Och en zweete Polizist gouf blesséiert.

D'Waff (e Revolver vum Kaliber 32) an d'Fläsch, mat där de Polizist sollt verwonnt ginn, goufe saiséiert. Op Uerder vum Parquet goufen 2 Persoune festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Elo huet d'Police op en neits dësen Zeienopruff publizéiert. D'Leit kënne sech bei der Police vun der Stad um 244 40 1000 mellen

Back to Top
CIM LOGO