
An der Kalennerwoch 13 goufen 977 Persoune positiv op de Coronavirus getest, wat am Verglach zu 1.549 Fäll an der Woch virdrun e Réckgang vu 36,9 Prozent ass. Vun den infizéierte Persoune waren iwwer d’Hallschent Reinfektiounen.
Och bei der Gripp gouf et an der genannter Woch en däitleche Réckgang. Do goufen et nach 259 Fäll am Verglach mat 467 déi viregt Woch. Bei der Influenza dominéiert aktuell den Typ B.
LINK: De Communiqué mat allen Detailer um Site vun der Santé