Salmonellen, Metallstécker, AllergenenRéckruff vun e puer Produiten um Freideg

RTL Lëtzebuerg
Betraff si Produkter vun de Marken Excellence, Hiestand a Boerinneke.
© RTL-Grafik

Vun der Liewensmëttelsécherheet ass et d'Informatioun, datt de "Rôti de dinde farci aux pommes et raisins secs" vun der Mark "Excellence", dee bei Aldi verkaf gëtt, mat Salmonelle verknascht ass.

Et handelt sech ëm de Pack vun 800 Gramm, mam Verfallsdatum vum 30.01.2021 mat den Nummeren 410933, 410377, 410925.

De Produit gouf zwar an der Tëschenzäit zréckgezunn, ma e gouf awer och verkaf. E soll net méi consomméiert ginn. D'Leit kënnen de Produit zeréck ginn a kréien dann d'Suen zeréck.

Da besteet och de Risiko vu Metallstécker am Produit "Laugenbrezel, geschnitten". D'Laugenbrezele goufen op den Esso-Pompelstatiounen zu Rëmerschen, Diddeleng, Stengefort, Iechternach an Heischent verkaaft.

Et handelt sech ëm de Produit "Laugenbrezel, geschnitten" vun der Mark "Hiestand", mam Mindesthaltbarkeetsdatum 29.03.2020-26.05.2020 an den Nummeren tëscht 01.10.2019 an 28.11.19.

Dann ass et och nach d'Warnung, datt an e puer Produite vun der Mark "Boerinneke" Spuere vun Allergene kënnen dra sinn, dës awer net deklaréiert sinn. Betraff sinn "Pâte à tartiner aux noisettes 13%", "Pâte à tartiner aux noisettes 13%", "Pâte à tartiner aux noisettes 13% - pauvre en sucre", "Pâte à tartiner à base de riz" "BIO Pâte à tartiner à base de riz".  Déi betraffe Produkter goufen am Delhaize an am Colruyt verkaaft.

Den Detail mat de betraffene Produiten

Back to Top
CIM LOGO