CSMI kënnt am September beieneenRecommandatioun fir Opfrëschung vu Covid-Impfung gëtt gepréift

RTL Lëtzebuerg
De Conseil supérieur des maladies infectieuses beréit sech, ob een eng Recommandatioun erausgëtt, fir sech dësen Hierscht géint Covid impfen ze loossen.

Dat äntwert d’Gesondheetsministesch Lenert op enger parlamentaresch Fro vun der LSAP.

D’Santé wäert déi Decisioun dann zäitno matdeelen an déi néideg Dispositiounen huelen, sollt de Public ugerode kréien, d’Impfung nees opzefrëschen.

Den Ament wier d’Covid-Situatioun am Land awer rassurant.

Mëtt August goufe bannent enger Woch 118 offiziell Fäll registréiert. Am Verglach am Februar dëst Joer waren et der nach eng 1.800 d’Woch.

Back to Top
CIM LOGO