EU-Direktiv fir Konsumenteschutz"Recours collectif" fir Sammelkloe vu Juni 2023 un a Kraaft

RTL Lëtzebuerg
Wann d'Gesetz iwwert d'Sammelkloen a Kraaft trëtt, kann e Recours collectif gemaach ginn, och wann de Schued fir d'Konsumente virdrun entstanen ass.

Awer och just esou laang et nach net verjäert ass, wéi d’LSAP-Konsumenteschutzministesch Paulette Lenert an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Marc Spautz schreift.

Virum Hannergrond vun enger rezenter Decisioun vum Europäesche Geriichtshaff, wat d’Rechter vun de Konsumenten ugeet, déi Autoe kaf hunn, déi net de Virschrëften entspriechen, wollt den CSV-Deputéierte wëssen, firwat d’EU-Direktiv iwwert d’Sammelkloen net, wéi virgesinn, bis Enn Dezember 2022 zu Lëtzebuerg ëmgesat gouf. D’Ministesch mécht drop opmierksam, datt de Gesetzprojet zanter Januar 2022 an der Chamber deposéiert ass. D’Direktiv géing iwwerdeems eréischt de 25. Juni dëst Joer a Kraaft trieden.

RTL News: Europäesche Geriichtshaff: Wichteg Decisioun an der Suite vum Diesel-Skandal

Back to Top
CIM LOGO