Franz Fayot a Yuriko BackesReform vun der Steierbonifikatioun fir Investissementer fir Betriber

Maxime Gillen
De Franz Fayot an d'Yuriko Backes hunn e Mëttwoch eng Reform vun der Steierbonifikatioun fir Betriber presentéiert.
© MinFin

D’Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger Wirtschaft hänkt dovun of, wéi séier an effikass mir mat der digitaler an ekologescher Transitioun vun de wichtegste Secteure virukommen, esou d’Finanzministesch Yuriko Backes bei der Presentatioun vun der geplangter Reform vum Steierbonus fir Betriber, déi gréisser Investitioune maachen. Deemno wëll d’Regierung d’Betriber finanziell encouragéieren sech deels komplett nei a virun allem méi effikass opzestellen.

D’Betriber hei am Land kéinte bei gréisseren Investitiounen an Zukunft vun engem Steierbonus vun 12 Prozent profitéieren. Dat si 4 Prozent méi wéi den Ament nach. Domat sollen d’Betriber encouragéiert ginn, an dëse schwieregen Zäiten iwwerhaapt emol z’investéieren, esou de Wirtschaftsminister Franz Fayot.

Dës Reform wier e Paradigmewiessel, well eng éischte Kéier och Käschten, déi duerch déi initial Investitioun entstinn, kéinte mam selwechten Taux ofgesat ginn, esou d’Finanzministesch Yuriko Backes.

„Domadder kënnen dann och d’Käschten ofgesat ginn, wéi zum Beispill, wann ee Personal ausbilt. Et brauch ee jo dann och qualifizéiert Leit, wann ee sech wëll anescht opstellen. An Zukunft mussen dann och Talenter ausgebilt ginn. Esou Fraise falen dann och hei drënner.“

Virop soll mat dëser Reform awer déi digital an ekologesch Transitioun vun der Wirtschaft virugedriwwe ginn. Dowéinst ginn et fir Investitiounen an deene Beräicher dann och Steierbonifikatioune vun 18 Prozent.

Eng weider Nouveautéit ass an deem Kader, dass am Gesetzesprojet Ziler definéiert sinn, vun deenen op d’mannst eent mat de geplangten Investissementer muss erfëllt ginn, wéi de Wirtschaftsminister Franz Fayot erkläert.

„Dat kann zum Beispill um Niveau vun der Energieeffizienz an der Produktioun vum Betrib sinn. Dat kann awer och d’Dekarboniséierung vum Produktiounsoutil vum Betrib sinn.

Op alle Fall muss den Impakt op de Betrib substantiell sinn. Déi geplangte Reform ass bei der Tripartite am Hierscht zejoert decidéiert ginn, ma wäert eréischt nom Summer kënnen an der Chamber gestëmmt ginn.

PDF: Déi offiziell Presentatioun

Back to Top
CIM LOGO