Kee kloert Konzept, kee roude Fuedem. Esou analyséieren Déi Lénk d'Pläng vun der Regierung. De Logement, prekär Aarbechtsverhältnesser, ekologesch Defien, do géing een op déi richteg Äntwerte waarden. Den Deputéierten David Wagner war um Méindeg de Moien Invité vun der Redaktioun.
Wat Allianzen am lénke politesche Spektrum ugeet, seet den David Wagner, datt Lénk sinn d’Afrostellë vun den inegalitäre Verhältnisser wier oder nach d'Striewe no méi Demokratie. D’LSAP géing dat zum Beispill net méi maachen, se géing weider op enger zentristescher sozialliberaler Schinn fueren, déi gescheitert wier. A Fro stelle géingen d'Sozialisten sech awer weider net.
D'Analyse bei Déi Lénk firwat ee bei de Walen hannert den eegenen Erwaardungen zeréck blouf ass nach net ofgeschloss. Et soll een awer de Feeler net bei anere sichen.
Elo stéingen d'Europawale virun der Dir. D'Zil wier et fir ee Sëtz ze kréien. Eng Prioritéit wier de Kampf géint Multinationalen, déi Steierflucht op héijem Niveau bedreiwen.
D'Lëschte sinn nach net bekannt, se komme spéitstens fir de 17. Mäerz. Ob den David Wagner ob där Lëscht wier oder net, wéisst hien nach net.
Hie wäert op alle Fall de Rotatiounsprinzip respektéieren an an der Halschent vun der Legislaturperiod an der Chamber Plaz maache fir d'Nathalie Oberweis, esou nach den David Wagner.
E Méindeg de Moie war den Deputéierte vun Déi Lénk eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.