
Virum Hannergrond vun der Covid-19-Pandemie ass et schonn ee speziellen Exercice. Vun engem Minus vu geschate 640 Millioune beim Zentralstaat ass een 2020 op iwwer 3 Milliarde komm. Zejoert ass dee Minus op 326 Milliounen zeréckgaangen, fir dëst Joer nees op 1,6 Milliarden ze klammen.
Trotz engem Hick an de Recetten hält d’Regierung drop, dass eng Steierdebatt lancéiert gëtt. Et geet ëm wichteg Volete wéi d’Struktur vum Steier-Barème fir Leit mat wéineg Akommes oder elengerzéiend Persounen. Parallel ass de Volet vum Besteiere vun de Societéiten eppes, dat enk verbonnen ass mat der Kompetitivitéit vum Land.
Ee besonneschen Accent am Rapport vun der Finanz-a Budgetskommissioun gëllt dem Logement mat enger konstanter Hausse vun de Präisser a steierlechen Avantagen, fir weider Driff am Wunnengsmaart ze hunn. Derbäi kommen all déi ëmweltpolitesch Defien.
Am ganz chargéierte Rapport ass et ënnert anerem d’Fro vun der Steiergerechtegkeet. D’Chamberkommissioun hat Gespréicher mat alle relevanten Acteuren am Land vum Wirtschafts-a Sozialrot, d’Staatsbeamte bis d’Salariatskummer. Erauskoume Piste wéi d’Progressivitéit, fir de Steier-Barème esou ze gestalten, dass manner Drock op der Mëttelschicht läit. Et kéinten och méi Steier-Tranchë ginn a méi héich Barèmë bei décke Revenuen.
Eng weider Pist ass d’Nees-Indexéiere vun der Steiertabell oder nach d’Reform vun der Steierklass 1a, fir Elengerzéiend oder Wittleit ze entlaaschten.
Beim Logement ass een zur Konklusioun komm, dass et zu Changementer bei der Grondsteier misst kommen an d’Lutte géint Spekulatioun verstäerkt sollt ginn. Tëscht Patronat a Gewerkschafte ginn d’Meenungen awer deels wäit auserneen, zum Beispill bei der Grondsteier. Do géifen och Leit betraff ginn, déi een Terrain hunn, ouni op Spekulatioun ze setzen.
Onëmgänglech ass och de Sujet Nohaltegkeet. Stéchwierder sinn d’CO2-Steier, den ëffentlechen Transport, de Covoiturage via Steierkredit, nei steierlech Reegele fir den Teletravail, fir den Trafic ze reduzéieren oder nach steierlech Avantagë fir Betriber, déi nohalteg investéieren.
Jee et ass ee breetgefächerte Sujet, mat deem sech d’Chamber um Donneschdeg de Moie beschäftegt.