
Zu Lëtzebuerg ginn et 208 Plaze fir Fraen, déi d'Affer vu Gewalt ginn, an 28 Plazen fir Männer, déi an där Situatioun sinn.
Dat geet aus der Äntwert op eng parlamentaresch Fro ervir, déi de Fernand Kartheiser gestallt huet. Hie reprochéiert der Regierung eng Kategorie Affer, nämlech d'Männer, ze ignoréieren a wollt verschidde Präzisioune vum Premier Xavier Bettel a vun der Ministesch fir d'Gläichstellung tëschent Fraen a Männer, der Taina Bofferding.