Nohaltegkeet läit am Trend, och bei de Finanzen. Iwwerall lackelen Offeren, seng Sue gréng ze placéieren, grad op der Finanzplaz Lëtzebuerg.
Ma et wier net alles gréng wat blénkt, soen direkt 6 ONGen aus dem Ëmwelt- a Mënscherechtsschutz a fuerderen d’Regierung 3 Méint virun de Chamberwalen op, an deem Dossier méi streng ze ginn.
Méi wéi 5.000 Milliarden Euro sinn hei am Grand-Duché a méi wéi 14.000 Fonge placéiert, 30 Mol den EU-Budget. Duerch déi sougenannten Taxe d’abonnement, déi d’Fongen hei bezuele, landen bal 1,3 Milliarde pro Joer an der Staatskeess.
Fir kompetitiv ze bleiwen, huet een déi Taxe erofgesat. Dat sinn tëscht 0,05 an 0,01 Prozent vun den Avoiren, respektiv iwwerhaapt keng Taxe, jee nodeems, ob an zu wéi engen Deeler de Fong als ëmweltfrëndlech aklasséiert ass oder net. Et fuerdert een, déi Taxe nëmmen dann erofzesetzen, wann de Fong wierklech zu 100% ëmweltfrëndlech ass, an net wéi dat aktuell de Fall ass, wa beispillsweis just ee Brochdeel vun den Investissementer gréng ass.
D’Regierung misst fir de ganze Finanzsecteur e Plang opstelle, wéi dee sech kéint mat dem 1,5-Grad-Zil vum Paräisser Klimaofkommes alignéieren. Eng eegen Etüd hätt nämlech gewisen, dass vun den 100 ënnersichte Fongen, déi meescht op enger Trajectoire vu plus 4 bis plus 6 Grad géingen investéieren.
Gréng sinn a Mënscherechter ginn Hand an Hand, wann et zb ëm illegal Minne geet. Ma grad Lëtzebuerg, neierdéngs Member am UN-Mënscherechtsrot, hat sech dogéint gewiert, e gesetzleche Kader fir d’Finanzplaz opzestellen. Grad do misst een awer d’Banken an d’Responsabilitéit huelen. Dat, andeems se, wa se e Kredit verginn, och kontrolléieren, dass mat deene Sue keng Mënscherechtsverletzunge finanzéiert ginn. Dat wier duerchaus méiglech an dat misst och iwwert déi ganz Dauer vun der Kreditlafzäit geschéien, net just zu deem Moment, wou de Kontrakt ënnerschriwwe gëtt.
En Dar am A ass den ONGe weiderhin de Pensiounsfong mat senge 26 Milliarden Euro- trotz neier Investitiounsstrategie, wéisst een net, ob Mënscherechtsverletzungen an Ëmweltschied matfinanzéiert ginn oder net.