
D’Digitaliséierung am Gesondheetsberäich an de geplangten accordéierte Remboursement vun den Dokteschkäschte via App hu rezent vu sech schwätze gedoen an dierften och nach den neie Sozialminister Claude Haagen beschäftegen. Den Ament funktionéieren nach verschidden Applikatiounen, dovunner eng, déi d’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren op de Wee bruecht huet. Eppes wat ënnert anerem och de gréngen Deputéierte Marc Hansen kritesch gesäit. Déi sensibel Gesondheets-Date missten an ëffentlecher Hand bleiwen, sot hien en Donneschdeg an der Chamber an huet och schonn eng parlamentaresch Fro dozou gestallt.
D’Dokteren hirersäits hunn d’lescht Woch kritiséiert, mat der staatlecher eSanté géifen ëffentlech Gelder verbëtzt ginn an hu vu graven Dysfunktionnementer geschwat. De Sozialminister Romain Schneider huet elo an der Chamber Stellung bezunn. De Romain Schneider wollt déi Aussoen net sou stoe loossen.
Den Dateschutz an dësem sensibele Beräich hätt absolut Prioritéit. De Kader wier kloer gewiescht, mä en hätt sech ëmmer méi erweidert. Duerfir géife sech ëmmer méi Froe stellen, huet de Romain Schneider am Plenum zouginn.
D’lescht Woch haten déi zoustänneg Ministèrë scho matgedeelt, datt een den Zenter fir Informatiounstechnologie vun der Regierung CTIE mat an d’Boot geholl hätt, fir d’Léisung, déi d’Doktere proposéieren, z’analyséieren. Och d’CNS hätt eng extern Etüd an Optrag ginn. Mat engem Resultat ass awer réischt an e puer Wochen ze rechnen.
De Minister huet an Engems awer betount, datt den Zougang zu der Agence eSanté an och d’App vun der AMMD geséchert wier. Déi “deels polemesch Aussoen” vun der AMMD huet den LSAP-Politiker vu sech gewisen. D’Regierung géif kloer zu der Agence eSanté stoen.