Ënner anerem bei GesetzestexterRegierung wëll an Zukunft méi op extern Avisen zeréckgräifen

RTL Lëtzebuerg
D'Regierung engagéiert sech, fir d'Formulatiounen ze änneren, wien an Zukunft beim Ausschaffe vun Texter am legislative Prozess ëm Avise gefrot gëtt.

Dat betrëfft also haaptsächlech Gesetzer.

De Collège médical hat sech Mëtt Januar an engem Bréif un de Staatsminister nämlech beklot, dass si net genuch oder guer net an de legislative Prozess mat agebonne wieren.

E Mëttwoch huet de Xavier Bëttel geäntwert a versprach, dass sech do eppes soll änneren.

Bis ewell missten eben effektiv just déi fënnef Beruffschamberen ëm Avise gefrot ginn. Bei aneren Organer géif keng Obligatioun bestoen.

Am Regierungsrot wier awer decidéiert ginn, dass een dat wéilt änneren. Dofir géif elo en Inventaire gemaach ginn, wie wéini en Avis bei wéi enge Sujete soll ofginn.

Back to Top
CIM LOGO