
D'Lëtzebuerger Regierung huet um leschte Conseil vun den EU-Landwirtschaftsministeren intervenéiert, fir d'Kommissioun opzefuerderen, dem Secteur vun de Schwéngefleeschproduzenten ze hëllefen. Dat schreift de Landwirtschaftsminister Romain Schneider an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen.
Nieft den Aiden am Zesummenhang mat der Covidkris wiere fir den Ament keng weider Hëllefe virgesinn. Vun 2023 u géingen awer Mesure geholl ginn, fir de Betriber hei am Land ze hëllefen, sech op eng méi nohalteg an déierefrëndlech Produktioun ëmzestellen, esou de Minister.
2020 goufe ronn 5.700 Tonne Schwéngefleesch exportéiert, liicht méi wéi dat Joer virdrun, den Import ass ëm eng 1.000 Tonne geklommen op 16.047 Tonnen 2020. 100 Prozent vun den Exporter wiere bannent der EU grad wéi iwwer 96 Prozent vun den Importer.