E MëttwochRegierungsrot heescht Reegelung zum Nutri-Score gutt

RTL Lëtzebuerg
No der Summervakanz war d'Regierung e Mëttwoch nees beieneen, fir de Point iwwert d'Aktualitéit ze maachen.

Nieft der internationaler Politik gouf och d’Situatioun am Immobilien-, Bau- an Energie-Secteur ënnert d’Lupp geholl. Offiziell Informatiounen iwwert d’Bewäertung vun der Regierung zu deenen Domainer ginn et awer keng.

Guttgeheescht gouf iwwerdeem am Regierungsrot de Gebrauch vum Nutriscore-Logo, dee jo iwwert d’nutritionnel Qualitéit vun de Liewensmëttel informéiert. An engem Pilot-Projet soll dee Logo och kënnen a Kantinnen op Platen a Menüen placéiert ginn.

E Méindeg geet iwwerdeem d’offiziell Walcampagne un, déi bis Samschdes virun de Wale vum 8. Oktober dauert.

Back to Top
CIM LOGO