
D’Petitiounen hunn e grousse Succès, ma d’Reglement muss nogebessert ginn. Dat sot d’Presidentin vun der Petitiounskommissioun, d’Francine Closener, e Mëttwoch de Moien an der Chamber. Net manner wéi 43 Petitioune goufe vun der Kommissioun ënnert d’Lupp geholl. Et géif der LSAP-Deputéiert no ënnert anerem ëm Transparenz goen, fir d’Bierger an Biergerinnen, déi eng Petitioun deposéiere wëllen:
“Datt se wëssen, wat d’Krittäre sinn, wéini ass eng Petitioun recevabel a wéini net. Op där anerer Säit ass et och esou, datt mir als Chamber a Chamberkommissioun méi kloer musse wëssen, datt deen, dee sech als Petitionär ausgëtt, dat och wierklech ass. D’Identifikatioun vun de Petitionäre wäert méi transparent ginn.”
Andeems ee seng Matricule muss uginn. Donieft soll och de Seuil eropgesat ginn, deen néideg ass, fir datt eng Petitioun ëffentlech debattéiert ka ginn:
“Dee läit haut bei 4.500 Ënnerschrëften. Dat ass virun 11 Joer festgeluecht ginn. Deemools waren et 0,6% vun der Populatioun mat de Frontalieren. Déi Zuel ass gewuess, dofir mussen mer déi upassen.”
Dofir wier eng Reunioun mam Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat, kuerz CTIE, geplangt, fir en Iwwerbléck iwwert de Registre des personnes pyhsiques ze kréien, huet d’Presidentin vun der Petitiounskommissioun nach präziséiert. D’Ännerunge vum Reglement wäerten an den nächste Kommissioune weider diskutéiert ginn.