Am Schlass stinn 80 Better an Eenzelzëmmeren zur Verfügung fir Persounen, déi stabel genuch sinn, fir net méi mussen an der Klinik betreit ze ginn, mä awer nach eng medezinesch Prise en charge brauchen.
An de leschten Deeg, quasi iwwert de Weekend, gouf alles en place gesat, fir déi nei Missioun erfëllen ze kënnen. Virun allem goufen an Zäit vu 24 Stonnen déi 60 Patienten, déi bis ewell am Erhuelungszenter vun der Croix-Rouge betreit goufen, heem respektiv a 4 Fäll an de Rehazenter bruecht.
Kolpech setzt wéi gesot nom Spidolsopenthalt vun de Corona-Patienten un, erkläert de Generaldirekter Jean-Philippe Schmit. Déi infizéiert Patiente gi vun de Spideeler dohinner geschéckt an dann am Schlass an den Eenzelzëmmeren isoléiert.
Déi nei Missioun hätt enorm Preparatioun gefrot, seet de Generaldirekter. Virun allem och um Niveau vun der Formatioun vum Personal, déi ënnert séchere Konditioune schaffe solle kënnen.
Zu Kolpech funktionéiert och e psychosoziale Service, fir de Patienten hir Zäit am Zenter esou agreabel wéi méiglech ze maachen.
Wéi laang d'Leit an de Gebailechkeete vum Roude Kräiz bleiwe mussen, hänkt vum Verlaf vun der Krankheet of. Den Zäitpunkt, wéini d'Leit entlooss kënne ginn, hänkt vun de Resultater vun den Tester of. No zwee negative Blutttester kënnen d'Patienten heemgoen.
Alles an allem sinn den Ament 66 Persounen, Dokteren, Infirmieren/Infirmièren iwwer Kinéen a Psychologen zu Kolpech am Asaz, fir d'Patienten ze behandelen.
Eng änlech Struktur wéi zu Kolpech ass jo och fir den Noutfall am Domaine thermal zu Munneref virgesinn.
RTL-Artikel: Corinne Cahen äntwert: Wéi ginn eeler Leit an Zäite vum Coronavirus betreit?
