
Am Casino 2000 zu Munneref ass e Samschdeg en neie Rekord-Jackpot fir d'Joer 2026 geknackt ginn, dat mat 201.340 Euro. De gléckleche Gewënner kënnt aus Däitschland a konnt de Moment zesumme mat senge Frënn feieren, heescht et an engem Communiqué vum Casino 2000.
Gewonne gouf d'Zomm um Spillautomat "Book of Ra".
Den Donnéeë vum Casino no ginn am Duerchschnëtt all Mount méi wéi 25 Milliounen Euro u Gewënner ausbezuelt.