D’Rout Kräiz ass hei am Land an a Moldawien aktiv, genee wéi d’Caritas. Do dernieft hu si och Projeten an der Ukrain. Grad wéi d’Caritas schwätzt och d’Rout Kräiz den Ament vu Rekord-Spenden. 2,2 Milliounen Euro wieren et an de leschte 5 Woche gewiescht.
Nach ni wier d’Solidaritéit esou grouss gewiescht wéi am Moment, soen och déi Responsabel vun Unicef. Et wier eng historesch héich Zomm, déi bis ewell gesammelt gouf. 10 Milliounen Euro un Donen an esou kuerzer Zäit, dat gouf et nach ni.
De Rekord war beim Tsunami mat 1,4 Milliounen Euro. Elo krute mer iwwer 10 Milliounen. Mä et däerf een net vergiessen, datt et nëmme knapps duergeet. Besonnesch wa mer laangfristeg kucken, erkläert de Paul Heber vun Unicef.
All d’Hëllefsorganisatioune soen, datt trotz Rekord-Spende weider Sue gebraucht ginn. Et hofft een, datt d’Leit weider solidaresch an engagéiert bleiwen.
Dës Sue ginn dréngend gebraucht an dat nach laangfristeg, soen d’ONGen: Mat Sue kënne mer dat Material kafen, wat mer brauchen an an de richtegen Quantitéiten.
D’Unicef geet dovunner aus, datt hir Ekippen nach jorelaang op der Plaz gebraucht ginn. D’ONG’e sinn an der Ukrain selwer am Asaz, hëllefen de Flüchtlingen hei am Land, awer och an den ukraineschen Nopeschlänner. Notamment Moldawien. D’Caroline Theves erkläert d’Aarbecht vun der Caritas: Mir empfänke Flüchtlingen, déi ukommen. Finanzéieren Iessen, Drénken, Heizungen, lauschteren hinne no an am Land finanzéiere mer Zenteren, wou Leit kënne méi laang bleiwen.
De Luc Scheer ënnersträicht, wéi wichteg och d’Hëllef a Moldawien ass: Et ass e Land vun 2,6 Milliounen Awunner. Et 400.000 Flüchtlingen opgeholl. Dat ass, wéi wa mer der zu Lëtzebuerg 100.000 hätten a keng 4000. An et ass dat äermste Land vun Europa.
D’Kanner vun Ëlwen hu sech déi lescht Woche gutt dru ginn. Si si geschwomme fir d’Ukrain. Alles an allem hunn d’Schüler 6.548 Längte gepackt, ëmgerechent sinn dat 163,7 Kilometer. Hier Längten hu si sech vun der Famill a vu Frënn sponsere gelooss. Um Ënn sinn esou 30.000 Euro zesummekomm.
De Check goung un d’Caritas. Allgemeng wieren d’Leit den Ament immens engagéiert a spendabel, seet d’Hëllefsorganisatioun. Bal 2 Milliounen Euro sinn ewell zesumme komm.
Matt dëse Sue këmmert d’Caritas sech engersäits ëm ukrainesch Familljen déi zu Lëtzebuerg ukommen, awer och ëm Flüchtlingen di sech an d’Nopeschland Moldawien a Sécherheet bruecht hunn.