Zu LëtzebuergRekreative Cannabis soll fréistens an 2 Joer legaliséiert ginn

Dany Rasqué
Wéi et vun der Lëtzebuerger Regierung heescht, dauert et nach op d'mannst zwee Joer bis de rekreative Cannabis am Grand-Duché legaliséiert gëtt.

Dat hu si dem Saarländischen Rundfunk op Nofro hi gesot. An der Begrënnung heescht et, datt dat déi Zäit ass, déi fir de Projet de loi néideg ass.

Grousse Wäert géif notamment op d'Präventioun an eng staatlech Qualitéitskontroll geluecht ginn, sou nach d'Regierung.

De Gesondheetsminister Etienne Schneider confirméiert vis-à-vis vun RTL, datt et Retarde ginn. An den nächste Woche géif sech awer e Grupp vun Experten zesummesetzen an, esou den Etienne Schneider, d'Legaliséierung vum rekreative Cannabis wier en Dossier, deen hien nach wéilt virun dreiwen, ier hien als Minister zerécktrëtt.

Back to Top
CIM LOGO