Zeréck an d'NormalitéitRelance bei de mëttelstännege Betriber

Anne Wolff
Et gëtt Optimismus bei de mëttelstännege Betriber: Et wier een nees um Stand vu virun der Pandemie, heescht et aus dem zoustännege Ministère.
© Luc Rollmann

D’Zuel vun den Ufroe fir eng Autorisatioun d’Etablissement wier esou héich wéi zanter 2014 net méi. An och d’Union vun de Lëtzebuerger Entreprisë gesäit e positiven Trend.

Eng Ronn 12.600 Demandë goufen d’lescht Joer eragereecht, dat si gutt 12 Prozent méi wéi nach am Joer 2020, an och d’Demandë fir Investitiounshëllefe wieren nees um Niveau vu virun der Kris, esou de Mëttelstandsminister Lex Delles.

Déi meescht Demandë kommen dobäi aus dem Beräich vum Commerce. Dat wier och domat verbonnen, dass d’Konditiounen, fir en Handwierksbetrib opzemaachen, méi streng sinn. Lëtzebuerg bleift awer fir auslännesch Handwierksbetriber attraktiv. De Michel Reckinger, President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen, erkläert, dat géing mam Wuesstem vu Lëtzebuerg zesummenhänken. Engersäits géing vill gebaut ginn, anerersäits géingen nei Quartieren dann och nei Commercen unzéien.

Relance bei mëttelstännege Betriber / Rep. Anne Wolff

Nowéie vun der Pandemie schéngen iwwerwonnen, an och d’Ausbezuelungsphas fir Corona-Hëllefen ass eriwwer. Zanter dem Ufank vun der Pandemie goufen 586 Milliounen Euro un d’Entreprisen ausbezuelt.

Ob et Abuse ginn hätt, kéint een elo nach net soen. Bei verschiddenen Entreprisë wiere falsch Donnéeën opgefall, hei wier ee mat de betraffenen am Gespréich, eventuell missten d’Aiden zeréckbezuelt ginn.

Bei der UEL ass een zefridden. Fir d’Zukunft weist sech de Michel Reckinger optimistesch. Fir d’Zukunft weist sech de Michel Reckinger optimistesch, d’Joer 2022 kéint nach besser gi wéi d’Joer 2021.

PDF: D'Presentatioun vum Bilan

Back to Top
CIM LOGO