D’Aarbechte géifen elo emol 600 Schaffdeeg daueren, dat heescht bis am Januar 2023 soll deen Deel prett si fir d’Luga, déi international Gaardenausstellung.
Iwwer 160 Beem missten deem ganze Projet wäichen, sou d’Stater Buergermeeschtesch an d’Ëmweltministesch op enger Pressekonferenz. Et ass e Projet vu grousser Envergure, deen de ganzen Dall vun engem wëllen an e geuerdente Park mat "Zone de loisir" wäert veränneren.