
En Automobilist hat hei d'Kontroll iwwer säi Won verluer, huet sech gedréint an ass esou fest widder d'Gelänner vun der Bréck gerannt, dass d'Gelänner futti gaangen ass. Den Automobilist ass mat sengem Won an der Blees gelant.
De Chauffer konnt selwer aus dem Auto klammen a gouf nëmme liicht blesséiert.
De Mann hat wuel Alkohol gedronk, ma net ze vill, esou dass de Permis net fort war.
D'Pompjeeën hunn den Auto missen aus dem Floss zéien.