Enseignantsgewerkschaft iwwer Mesurëpak Inclusioun"Richteg Richtung - mee e puer Doleancë bleiwen"

RTL Lëtzebuerg
No engem Echange d'lescht Woch mam Educatiounsminister Claude Meisch iwwer den neie Mesurëpak zur Inclusioun, seet sech d'Enseignantsgewerkschaft SEW/OGBL e Freideg zefridden, gesäit awer och nach Verbesserungspotential.
Fir de Groussdeel vun de Schüler (46,3 Prozent) geet de Wee weider op eng 7e am Secondaire Général.
© RTL-Archiv

Datt et an Zukunft zum Beispill ee regionaalt Krisenteam soll ginn, begréisst de Syndikat, et misst een awer oppasse bei der Ëmsetzung. Et misst een dofir suergen, datt déi Leit, déi speziell fir dëse Poste rekrutéiert ginn, och laangfristeg op deem Poste bleiwen. Dofir bräicht et ee kloren a stabille Kader..

Am Mesurëpak géing et och un engem klore standardiséierten Handlungskader feelen. D'Personal an d'Regionaldirektioune bräichte konkret, eenheetlech Schutz - an Interventiounsmesuren — eng "Geschierkëscht" — op déi se a Krisesituatiounen zeréckgräife kënnen, esou ee weidere Punkt vun am Ganzen aacht Punkten, op deene sech d'Enseignantsgewerkschaft eng Nobesserung erwaart.

Liest hei den offizielle Pressecommuniqué vun SEW/OGBL

Back to Top
CIM LOGO