D'Horesca-Federatioun hat dat och en Donneschdeg de Moie scho gefuerdert. Hotellen, Restauranten a Caféen hu jo scho vill wéinst der Coronakris gelidden a fir eng Rei Betriber aus dem Secteur koum elo nach materielle Schued drop.
Ganz haart getraff ass den Hotel Gruber zu Steenem. Den Hotel ass direkt un der Sauer. A 4. Generatioun gëtt et dëse Familljebetrib. Scho muncher Stuerm huet d'Haus erlieft an iwwerstanen. Dorënner d'Héichwaasser 1993 an 2003. Esou eng Naturkatastroph ewéi déi aktuell huet d'Famill Gruber allerdéngs nach keng gesinn. D'Waasser ass bannent Sekonnen hannen am Hotel eran a vir nees erausgelaf. A kierzter Zäit huet et geheescht, d'Gäscht an den Hotelszëmmeren z'erwächen an z'evakuéieren. Net just Frigoen, de Stock u Wäin a Liewensmëttel wieren zerstéiert, och d'Privathaus.
Sou wéi der Famill Gruber geet et ville Restaurateuren an Hotelieren. No Corona an eng nei Kris gerutscht. Fir den Nicolas Gruber a seng Elteren ass de Summer an d'Vakanzesaison gelaf. 7 Leit Personal zielt de Familljebetrib. Sue komme keng eran, d'Käschte bleiwen. Elo hofft een op onkomplizéiert Hëllef säitens vum Staat.