RéckruffaktiounRisk vu Plastiksstécker an der Tablett Milka-Schockela mat Oreo

RTL Lëtzebuerg
D'Veterinärs- a Liewensmëtteladministratioun huet e Méindeg eng Warnung erausgi wéinst enger Zort Schockela vun der Mark Milka.
© RTL Grafik

An engem vun hire Produiten, der Tablett vun 185 Gramm mat Oreo, kéinte Stécker Plastik sinn. Et géif e Risk bestoen, entweder z’erstécken oder sech ze blesséieren.

Déi concernéiert Tablett Schockela gouf op verschiddene Plazen am Land verkaf.

Weider Detailer fënnt een um Site vun der Alva.

Back to Top
CIM LOGO