Paulette LenertRisk vun Transmissioun vun Afepouken a genereller Populatioun niddreg agestuuft

Tim Morizet
Dat huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert um Freideg op enger Pressekonferenz ënnerstrach.
Pressekonferenz: Paulette Lenert an Dr. Jean-Claude Schmit
Risk vun Transmissioun vun Afepouken a genereller Populatioun niddreg agestuuft

46 Fäll vun den Afepouken goufe bis ewell zu Lëtzebuerg confirméiert – ee schlëmmere Verlaf gouf et bis ewell bei kengem. 133 Persounen hu sech dës Woch impfe gelooss, 50 kommen um Freideg dobäi, 383 Persoune hu sech insgesamt fir de Vaccin ugemellt, esou d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Situatioun Afepouken zu Lëtzebuerg - Rep. Diana Hoffmann

Bis de 15 August goufe 15.000 Fäll vun den Afepouken an Europa confirméiert – d‘Vitess vun der Verbreedung hëlt awer lues of.

De Risk fir eng weider Verbreedung bleift allerdéngs fir gewësse Communautéite héich – fir de breede Public bei wäitem manner, erkläert d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert: „Et ass ganz wichteg ze ënnersträichen, datt a verschiddene Communautéiten dëse Virus méi present ass en awer net beschränkt ass op Leit mat enger spezifescher sexueller Orientatioun. Et ass e Virus, deen op jiddereen iwwerdrobar ass, och wann e faktesch a statistesch méi bei verschiddene Communautéite present ass. Et leeft aktuell eng Informatiounscampagne, fir dës Leit drop opmierksam ze maachen. Mee dëse Virus beschränkt sech net op eng Gruppéierung.“

D‘Santé schafft an deem Kontext mat lokalen Acteuren, déi um Terrain engagéiert sinn. Eng Informatiounscampagne zesumme mat LGBTQI+ Associatioune leeft. Zu Lëtzebuerg si bis ewell 45 Männer an ee Kand infizéiert. D‘Iwwerdroung kënnt duerch den direkten, enke Kontakt, esou den Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé: „Dat ka ganz dacks sexuelle Kontakt sinn, muss awer net sexuelle sinn. Wann déi Haut-Liaisounen opginn, kënnt eng Flëssegkeet eraus, wou ganz vill Virus dran ass. De Virus gëtt iwwert d‘Schläimhait iwwerdroen. Do geet et duer, datt ee kleng Blessuren op der Haut huet, fir sech unzestiechen.“

Manner Symptomer ewéi déi afrikanesch Versioun

Et wéilt ee kee stigmatiséieren, heescht et. Déi concernéiert Leit sollen onbedéngt bei den Dokter, wa se Symptomer hunn, respektiv sech am CHL beim Service national des maladies infectieuses mellen. An der Moyenne gi 5,8 Prozent vun de confirméierte Fäll hospitaliséiert - 2 Doudesfäll goufe bis ewell a Spuenien gemellt – déi konkret Ëmstänn sinn awer nach net gekläert. Déi concernéiert Persounen hunn dacks mol eng Dose Pouken. Dacks fënnt een dës am Genital-Beräich. Allgemeng Symptomer si Middegkeet, Féiwer, a Muskelen, déi wéi dinn. Bei ongeféier 11% vun de Fäll triede Liaisounen op am Beräich vum Mond.

Test-Capacitéite zu Lëtzebuerg

D’Capacitéite zu Lëtzebuerg fir e séieren Diagnostik si gutt, betount den Dr Jean-Claude Schmit. Aktuell leeft alles iwwert de Staatslabo. Ma verschidde Privatlaboe wiere preparéiert, wann néideg, fir méi grouss Quantitéiten u PCR-Tester duerchzeféieren.

1.400 vun de bestallten 2.500 Vaccine si bis ewell zu Lëtzebuerg ukomm. Den Impfstoff ass iwwregens keen neien. Ma dee géint d‘Variole. Engem Virus, deen iwwert déi lescht Jore gréisstendeels ausgestuerwen ass. De Grond, firwat ganz wéineg Länner e Stock u Vaccin hunn. Mat 2 Dosen op de Kapp kënne bis déi nächst Liwwerung am Dezember 700 Persounen zu Lëtzebuerg geimpft ginn. Concernéiert sinn, esou de Direkter vun der Santé: „Männer, déi Sex mat anere Männer hunn, wa se multipel Partner hunn. Wann een an enger stabeler Relatioun ass, huet et absolut kee Sënn sech impfen ze loossen. Dat ass kloer. Den 2. Grupp sinn Sex-Aarbechter.”

Ongeféier 2.500 Persoune gehéieren zu Lëtzebuerg zu de Risiko-Patienten.

Bei de Liwwerunge vum Impfstoff si méi kleng Länner generell besser ewechkomm. Portugal krut, zum Beispill just duebel esou vill Vaccinen ewéi Lëtzebuerg geliwwert. Aktuell ass Lëtzebuerg a Kontakt mat anere Länner fir e kuerzfristege Vaccin-Austausch, sollt et zu enger Knappheet kommen.

Back to Top
CIM LOGO