
Wéi et am Schreiwes vum CGDIS heescht, wiere méi Appeller wéinst Schied duerch de Reen e Freideg den Owend erakomm. Déi meescht koumen aus der Stad selwer oder awer aus hirer direkter Ëmgéigend
De CGDIS schwätzt dann och vun dräi Kelleren, déi iwwerschwemmt goufen, an dräi Diech, déi beschiedegt goufen. Da gouf et 14 Asätz, well Beem oder Äscht op d'Strooss gefall sinn, a bei engem Asaz huet een Objet misste geséchert ginn. Wat dat genee bedeit, gëtt net präziséiert.