PoliceRonn 100 Asätz wéinst Stéierung vun Nuetsrou a Streidereien

RTL Lëtzebuerg
Vill ze dinn hat d'Police an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg.
© Police

Am Ganzen hat d’Police ca. 55 Asätz, well sech an der Silvesternuecht net un d’Nuetsrou gehale gouf. Donieft gouf et eng 45 Asätz wéinst Streidereien an Ausernanersetzungen. Gemellt gouf ze haart Musek oder Persounen am ëffentleche Raum oder private Wunnengen, Sträit tëscht Noperen wéinst ze vill Kaméidi, Stéierunge vun der Nuetsrou wéinst Knupperten an och Verstéiss géint d’Freedefeierverbuet. An all de Fäll konnten d’Gemidder berouegt ginn.

An zwee Fäll koum et zu enger Rebellioun géint d’Beamten. Sou waren zu Déifferdeng zwou Persounen no enger kierperlecher Ausernanersetzung op d’Kommissariat bruecht ginn. Well hinnen dat offensichtlech net gepasst huet, hu si sech dunn och nach mat de Polizisten ugeluecht. De Parquet gouf informéiert an ee Protokoll geschriwwen.

Géint 4.30 Auer hat sech an der Stad um Parking Bouillon eng Persoun bei enger Kontroll de Beamte widdersat. De Chauffer war alkoholiséiert an hat e puer Gramm Cannabis bei sech. De Mann huet d’Beamte geschloen a gebass. Hie gouf mat op de Policebüro geholl. Well hien esouwuel eng Gefor fir anerer, mee och fir sech selwer duergestallt huet, huet hien d’Nuecht an der Ausniichterungszell verbruecht. D’Droge goufen op Uerder vum Parquet confisquéiert. Och hei gouf ee Protokoll geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO