Wocheréckbléck vun der SantéRonn 36 Prozent vun 22.000 PCR-Tester ware positiv

RTL Lëtzebuerg
An der Woch vum 28. Mäerz bis den 3. Abrëll gouf bei méi wéi 8.110 Leit zu Lëtzebuerg eng Infektioun mat COVID-19 nogewisen.
© RTL-Grafik

Wocheréckbléck vun der Santé / Reportage Dany

D’Zuel vun de Leit, déi positiv op de Coronavirus getest goufen, ass vun 9.550 op 8.110 erofgaangen. Dat ass eng Baisse vu ronn 15 Prozent.

Et waren 22.000 PCR-Tester gemaach ginn. Ongeféier 36 Prozent vun deenen Tester ware positiv.8 Mënschen sinn a Verbindung mat Corona gestuerwen, d’Moyenne vum Alter louch bei 81 Joer. 24 Mënsche ginn den Ament op enger normaler Statioun behandelt, 5 vun hinne waren net geimpft, déi aner 19 haten e kompletten Impfschema. Op der Intensivstatioun waren 2 vun deenen 3 Patienten net geimpft.

Den Inzidenzwäert op 100.000 Awunner ass am Verglach mat der Woch virdrun zeréckgaangen a läit elo bei 1.278. Am héchsten ass en an der Alterskategorie bis 14 Joer, do läit e bei 1.958 an ass am Verglach mat der Woch virdrun ëm 22 Prozent zeréckgaangen.D’lescht Woch goufen 1.664 Dosisse Vaccin gesprëtzt, fir 97 Leit war dat hir éischt Impfung géint de Covid. Den Impftaux läit 78,6 Prozent.

D’Santé schreift an hirem Wochebilan, d’Regierung géing weider dru schaffen, datt den Accès zur Impfung méi einfach gëtt. Mat Pop-up Impfzentren a mobillen Ekippen, déi do present sinn, wou vill Leit sinn. Zum Beispill an de Foussgängerzonen, an de groussen Akafszenteren an op verschiddenen Eventer, déi vu Gemengen organiséiert ginn.Impfstoff dierft op alle Fall genuch do sinn. Lëtzebuerg krut dës Woch iwwer 42.000 Dosisse geliwwert.Dëst Joer krute mir iwweregens scho 444.260 Dosisse geliwwert, bësse méi wéi 200.000 Dosissen sinn zënter dem 3. Januar gesprëtzt ginn.

PDF: Wocheréckbléck vun der Santé (28. Mäerz - 3. Abrëll)

Back to Top
CIM LOGO