No Äerdbiewen an der Tierkei a SyrienRout Kräiz Lëtzebuerg krut a puer Deeg iwwer 1 Millioun Euro Spenden

RTL Lëtzebuerg
3 Méint no de schroen Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien zitt d'Lëtzebuerger Rout Kräiz Bilan. Iwwer 55.000 Leit si bei de Biewen ëm d'Liewe komm.
© AFP

D’Croix-Rouge begréisst an engem Communiqué d’Solidaritéit vun de Leit. An nëmmen e puer Deeg hätt een ëmmerhin 1 Millioun Euro Donen zesummekrut. Domat hätte 500 Zelter, 4.000 Matrassen an 2.500 Decke per Fliger an déi betraffe Gebidder konnte geschéckt ginn. Fir bescht méiglechst op der Plaz kënnen ze hëllefen, hätt een iwwerdeems mam däitsche Roude Kräiz zesummegeschafft.

Back to Top
CIM LOGO