
De Campus vun der Mammenuni zu Fairfield am US-Bundesstaat Connecticut bleift. D’Decisioun, dass en “digitale Campus”, wéi d’Uni et ausdréckt, etabléiert gouf, kann awer net jiddereen novollzéien.
D’Nouvelle am Mee koum iwwerraschend: No 30 Joer Aktivitéit am Grand-Duché huet d’Sacred Heart University um Kierchbierg den 1. Juli hir Dieren zougemaach. Déi ronn 100 Studente kéinten awer weiderhin hiren MBA, Master of Business Administration, online absolvéieren. Coursen an de Lokalitéite vun der Chambre du Commerce gi keng méi ugebueden.
De Markus Muller, dee Proff am Management op der Uni war, a fir de Beräich vun der Strategie vun der Uni zu Lëtzebuerg responsabel, seet, en hätt de wierkleche Grond vun der Fermeture net verstanen.
“Et goufen zwar ekonomesch Grënn uginn, mee aus menger Siicht kann dat net de Fall sinn. Mir ware profitabel a vun dohier kann et net den ekonomesche Grond gewiescht sinn.”
D’Uni aus den USA gëtt an enger Äntwert op eng schrëftlech Ufro un, datt een elo kéint vun iwwerall aus un de Couren deelhuelen. Esou kéint ee beschtméiglecht vun de Finanzexperten aus Europa an den de Vereenegte Staate léiere. Fir déi Studenten, déi op Presenz-Unterrecht setzen, an net wëllen an d’USA plënneren, wier een a Gespréicher mat enger Uni zu Léck, sou de Markus Muller.
Fir vill vun de Studenten ass och dëst awer net onbedéngt eng Optioun. E groussen Deel vun hinnen huet de Studium beruffsbegleedent gemaach. D’Profiller ware villfälteg.
“Mer haten iwwer 40 Nationalitéiten. Vu menger leschter Klass, déi ofgeschloss huet, waren et 39 Studenten aus 30 oder 36 Länner. Dat war super international, och aussereuropäesch.”
Zum Remboursement vun de Studiegebüre befrot, déi sech jee no Studium bis op bal 40.000 Euro belafen, seet d’Uni, d’Studente kéinten e Studiekredit vu 40 Prozent kréien.
D’Fermeture vun der Uni hei am Land gesäit de fréiere Professer vun der Sacred Heart University als e Verloscht fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg:
“Ech mengen, Lëtzebuerg brauch eng international unerkannte Business-Schoul. Wat den Nationbranding, d’Finanzplaz Lëtzebuerg an dat ganzt ekonomescht Ëmfeld ugeet, kann et einfach net sinn, datt e Standuert wéi Lëtzebuerg keng international unerkannte Business-Schoul huet.”
Lo misst ee sech d’Fro stellen, wéi ee kéint relativ kuerzfristeg d’Lach fëllen, wat d’Fortgoe vun der Uni hannerlooss huet.