Semaines Santé MentaleSäin eegene Bagage anescht gesinn an der Expo "Meng Liewenswalliss"

Raphaëlle Dickes
Wat mécht mech a mäi Liewen aus? Wat ass de Wee, wat si meng Ressourcen, fir aus der mentaler Krankheet erauszekommen?
Expo "Meng Liewenswalliss"
Wat mécht mech a mäi Liewen aus? Wat ass de Wee, wat si meng Ressourcen, fir aus der mentaler Krankheet erauszekommen?

Mat deene Froen hunn néng Participante vum therapeutesche Grupp “Project” vun der Ligue Santé Mentale sech ausernee gesat, fir hir individuell Liewenswalliss zesummenzestellen. Am Christophe senger läit ënner anerem ee Brëll – well hien e Brëll unhuet – an ee Steampunk-Helm. “Mäin Hobby hänkt mer ganz vill um Häerz, de Steampunk, an dofir hunn ech eng Foto vu mer an der Tenue gemaach. An en Dackel, dee mer ganz vill wärend menger Therapie och gehollef huet. En Déier hëlt een, wéi en ass an et jugéiert net, ob ee krank ass oder ob net.”

Verschidde Betraffener hu mat Angschtstéierungen ze kämpfen, anerer mat Depressiounen oder mat Psychosen.

D'Reflexioun iwwer sech selwer ass een Deel vum Projet. Et geet awer och drëms, un de soziale Kompetenzen ze schaffen, ze kommunikéieren, d’Expo ze organiséieren, informéieren an esou Schrëtt fir Schrëtt nees Selbstvertrauen a Stäerkt opbauen. Och den “Zesummen” an déi géigesäiteg Ënnerstëtzung spillen eng wichteg Roll, erkläert d’Cinzia Tschierschke. D’psychiatresch Infirmière schafft am Dages-Service vun der Ligue Santé Mentale an huet de Projet mat begleet. “D'Resultat ass zwar eng Ausstellung vu lauter eenzele Wallissen, mee déi Wallisse sinn an engem Grupp, an engem Kollektiv entstanen. An an deem Grupp, wou een deen aneren och konnt ënnerstëtzen, ee bei deem anere konnt Rot huelen. Och fir eng Léisung ze fannen, wann e blockéiert war.”  

"Jiddereen dréit säi Päckelchen. Zesumme komme mer méi liicht virun." D’Expo vum Liewenskoffer inspiréiert sech um Slogan vun der 5. Editioun vun de "Semaines de la Santé Mentale". Sensibiliséierungswochen, déi fir de Christophe, zanter sengem Zesummebroch zejoert, eng wichteg Bedeitung kruten. Hien hätt seng Krankheet net eescht geholl. Et sollt een op säi Kierper lauschteren, esou säin Opruff.

Dozou invitéiert och d’Ausstellung mat de Liewenswallissen: entschleunegen, fillen, driwwer nodenken, op wat et ukënnt a säin eegene Bagage vläicht mat aneren Ae gesinn.

Ukucken, kann ee sech se am Kader vum Weltdag vun der mentaler Gesondheet e Samschdeg, den 10. Oktober vun 10:00 bis 16:30 Auer am Centre Barblé zu Stroossen.

Back to Top
CIM LOGO