KompensatiounsfongSalariatsvertrieder stëmme géint Investitiounsstrategie

RTL Lëtzebuerg
D'Fro, ob de Kompensatiounsfong vun der Renteversécherung an de Nucléaire kann investéieren oder net, spléckt am Moment den zoustännege Verwaltungsrot.
© AFP

Soll de Kompensatiounsfong vun der Renteversécherung an de Nucléaire kënnen investéieren oder net? Déi Fro spléckt de Verwaltungsrot Fong vun der Renteversécherung. D’Strategie gouf déi lescht Woch do ugeholl, mä d’Salariatsvertrieder hunn dogéint gestëmmt. Dobäi steet awer nach eng Consultatiounsdebatt an der Chamber un.

Kompensatiounsfong / Reportage Michèle Sinner

De leschte Mëttwoch huet de Verwaltungsrot vum Kompensatiounsfong déi nei Investitiounsstrategie fir d’Joren 2023 bis 27 ugeholl. Allerdéngs net eestëmmeg, wéi der Christophe Knebeler, Secrétaire général adjoint vum LCGB erkläert: “Déi ass just zwee Drëttel effektiv gedroe ginn. Et ass esou, datt d’Assurancëvertrieder déi net matgestëmmt hunn. Mir hunn do géint gestëmmt aus dem einfache Grond, well et net méiglech war, well et méiglech war, d’Atomenergie aus den Investitiounen erauszekréien.”

Dat nodeems en éischte Vott am Dezember och un der Fro vum Nucléaire gescheitert war: “Mir hunn d’Reunioun ënnerbrach. Jo, dat heescht mir sinn opgestanen a gaangen.”

D’Salariatsvertrieder wollte weider diskutéieren, och mam zoustännege Minister Claude Haagen, deen hinnen awer just schrëftlech geäntwert hat. Firwat war et net méiglech d’Atomenergie aus der Investitiounsstrategie erauszehuelen?

Ben, et ass ëmmer op de legale Kader verwisen ginn. Datt do am Moment déi Méiglechkeet net géing bestoen, fir kennen e ganze Secteur auszeschléissen, präziséiert de Christophe Knebeler.

De Minister, deen leschten Enns d’Strategie unhuelen muss, huet dat nach net gemaach. Hien hat nom gescheiterte Vott am Kompensatiounsfong an der Chamber en Debat de Consultation ugefrot, fir iwwert d’Strategie ze diskutéieren, no där d’Rentereserven investéiert ginn. En Datum fir déi Debatt gëtt et nach net, mä de Christophe Knebeler freet, wat ass, wann och d’Chamber de Nucléaire wëllt ausschléissen. Schliisslech wëll Lëtzebuerg mat Éisträich op europäeschem Niveau viru Gericht erreechen, datt de Nucléaire net als gréng a nohalteg Investitioun aklasséiert gëtt: “Wat geschitt dann elo wann do an der Chamber déi nämmlecht Conclusioun gezu gëtt? Gëtt dann d’Gesetz adaptéiert oder net? Muss dann d’Strategie nach emol noadaptéiert ginn?

Den zoustännege Minister Claude Haagen seet dozou prinzipiell: “Also all Changementer, déi um Niveau vun der Investitiounsstratgie gesetzlech gebonne sinn an déi Ëmännerung, do muss eng Ëmännerung vum Gesetz kommen.

De Claude Haagen well der Consultatiounsdebatt net virgräifen, seet hien. “Mä wann een ee Secteur komplett ausschléisst, da misst een deen definéieren, wat fir ee Secteur, datt dat wier an da musse e kucken, ob dat d’Strooss hält, juristesch.” Dat misst dann och am Kader vun der Consultatiounsdebatt diskutéiert ginn.

Am Dezember hat d’Miriam Cecetti, Deputéiert vun déi Lénk, schonn eng Question élargie an der Chamber gestallt. Och de nationalen Aktiounskommitee géint Atomkraaft hat sech schonn am Dezember gefuerdert, datt de Kompensatiounsfong net méi an Atomenergie investéiert. Zu dem Kommitee gehéieren ënnert anerem d’Regierungsparteie LSAP an déi Gréng.

Back to Top
CIM LOGO