Benevoller vu "Catch a Smile" an "Diddeleng Hëlleft" packen eng Hand mat un fir d'Kleeder ze triéieren. Zu Diddeleng si se reaktiv. Bannent e puer Stonnen hu Privatleit haut Tute voll mat Gezei, Schong an e.a. Decken ofgeliwwert. Gemënzt ass de Gros vun de Saache fir Refugiéen a Bosnien. Méi genee zu Sarajewo. Déi leschten 3 Woche wären eng 6.000 Flüchtlingen an Haaptstad vu Bosnien Herzegowina komm.
Fir déi Responsabel vun der Gemeng Diddeleng an der ASBL "Diddeleng Hëlleft" war et séier kloer, dës Initiativ ënnerstëtzen ze wëllen.
Zanter 2015 gëtt et d'Associatioun "Catch a Smile". Zil ass et, Flüchtlingen a Nout ze hëllefen.
Mat Camionnette ginn déi gesammelt Kleeder a Bosnien gefouert. Falls néideg, fueren d'Chauffere 2 bis 3x bis an d'Kriseregioun erof.
