
Kuerz virun 13 Auer ass tëscht Welschent an dem Bamhaff e Motocyclist gefall an am Gruef gelant. De CGDIS mellt 1 Blesséierten, an dass de SAMU vun Ettelbréck op d’Plaz geruff gouf.
Kuerz no 13 Auer huet den Escher SAMU da mussen an den Asaz, well zu Déifferdeng an der Avenue Charlotte zwee Cycliste kollidéiert waren. Hei ass och Rieds vun engem Blesséierten.