Kollektivvertrag am BankesecteurSanitär Kris duerf net benotzt ginn, fir Salariéen als Geiselen ze huelen

RTL Lëtzebuerg
Den Ament gëtt jo weiderhin iwwert en neie Kollektivvertrag am Bankesecteur verhandelt.

En Donneschdeg war eng véiert Reunioun an och no dëser schéngen d’Fronte bei de Gewerkschafte sech ëmmer méi géintiwwer der Patronat-Associatioun ABBL ze verhäerden.

Déi géif sech géint all Augmentatioun oder Verbesserung vun de Salairë wieren, schreiwen OGBL an LCGB an engem gemeinsame Communiqué.

Genee dat wier awer eng vun den Haaptfuerderunge vu béide Syndikater. D’ABBL hätt souguer an d’Spill bruecht, dass den 13. Mount kéint ewechfalen, sollt et net zu engem Accord kommen, schreiwen OGBL an LCGB, déi net wëllen zouloossen, dass déi sanitär Kris benotzt gëtt, fir d’Salariéen als Geiselen ze huelen a se keng finanziell Amelioratioun déi nächst 3 Joer ze gutt hätten.

Back to Top
CIM LOGO