
Krankheete wéi d’Gripp, d’Bronchiolite a Covid kéinten epidemesch Wellen ausléisen an zu weideren Infektioune féieren, wat de Gesondheetssystem géif belaaschten. Mat Impfungen a Gestes barrières kéint ee sech schützen.
Tëscht November an Dezember zejoert hätte méi wéi 260 Kanner ënner zwee Joer wéinst enger Bronchiolite missen hospitaliséiert ginn. Donieft goufen de leschte Wanter knapp 54.000 Infektioune mat Covid a ronn 10.000 Fäll vun der Gripp registréiert.