
Een, deen ëmmer de Mënsch an de Mëttelpunkt vun all sengem Schaffe gestallt hätt. Och als Schoulschäffen hätt sech de Georges Michels ëmmer exemplaresch am Déngscht vun der Clierfer Gemeng agesat.
De Georges Michels war zanter 10 Joer Schäffen an der Clierfer Gemeng. De Familljepapp, deen och Patron vun engem grousse Betrib war an ënnert anerem och laang Joeren de Rallye de Luxembourg mat organiséiert huet, hannerléisst e Jong.
Him war et gelongen, de Rallyesport zu Lëtzebuerg nees opliewen ze loossen, dat mat engem enormen Engagement, an ëmmer mat engem Laachen um Gesiicht. Sou konnt 2012 z.B. den offizielle Start vum Rallye Lëtzebuerg um Knuedler virun der Stater Gemeng organiséiert ginn, dat och a Presenz vum deemolege Buergermeeschter Xavier Bettel, deen den Depart ginn hat.
