Gemeng Park HousenSchäffe Joseph Degrand huet aus perséinleche Grënn demissionéiert

RTL Lëtzebuerg
E Wiessel gëtt et am Schäfferot vun der Gemeng Park Housen an dat quasi genee ee Joer virun de Gemengewalen.

Do ass et de Konstemer Schäffe Joseph Degrand, deen aus perséinleche Grënn vu sengem Posten demissionéiert. En neie Schäffen muss also fonnt ginn - de Joseph Degrand bleift awer am Conseil vun der Fusiounsgemeng, déi 13 Uertschaften zielt, wou ronn 3.900 Leit wunnen.

Wien den neie Schäffe gëtt, deelen d’Gemengeresponsabel net mat. Deen Nächstgewielten an der Sektioun Konstem ass dee jonke Gilles Thilgen.

Buergermeeschter an der Gemeng Park Housen ass de Romain Wester, déi 2 Schäffen, déi nach bleiwen, sinn de Guy Trausch an de Georges Majerus.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO