
Wéi annoncéiert trëtt och de Schäffen Tom Faber mat enger Biergerlëscht un. Déi 11 Kandidate ginn ënnert dem Numm “Engagéiert Bierger fir d’Gemeng Réiden” am Juni an d’Course. Op der Lëscht stinn dräi Fraen an aacht Männer.
Zu Réiden op der Atert gëtt dëst Joer fir d’éischt nom Proporzsystem gewielt.
D’Gemeng Réiden war wéinst interne Streidereien an der Aktualitéit déi lescht Wochen: nodeems et zu engem Vertrauensbroch mam Buergermeeschter Gerekens komm war, gouf den 2. Schäffen Tom Faber aus enger ganzer Rei Syndikater a Comitéë vun ASBLen vu sengen Funktiounen entbonnen.