
Fir dës Etüd gouf d'Gewiicht vu 7.500 Kanner iwwert en Zäitraum vun 11 Joer observéiert. D'Kanner goufen am Alter vun 9 Méint eng éischter Kéier gewien an duerno erëm am Alter vun 3, 5, 7 an 11 Joer.
Ronn 1.500, dat heescht 20 Prozent vun de 7.500 suivéierte Kanner, hunn an där Zäit d'Trennung vun hiren Eltere materlieft. Am Verglach mat Kanner aus intakte Bezéiunge sinn dës Kanner an der Moyenne méi déck. Besonnesch opfälleg ass den Ënnerscheed ronn 2 Joer no der Trennung.
D'Etüd gouf vu Wëssenschaftler vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) an der London School of Economics (LSE) gemaach. Hir Conclusioun ass, dass méiglechst séier no der Trennung Efforte musse gemaach ginn, fir ze verhënneren, dass dës Kanner zouhuelen an domat riskéieren, iwwergewiichteg ze ginn.