
Dat gëllt och, wann een decidéiert huet net méi ze fueren, ma amplaz e klengt Nickerchen ze maachen. Sou ass et engem Automobilist gaangen, deen zu Näerden gemellt gouf, well en hannert dem Steier géif schlofen. Bei der Kontroll duerch eng Policepatrull sollt sech den ze héijen Alkoholpeegel bestätegen. E provisorescht Fuerverbuet gouf geschriwwen .
E Samschdeg den Owend gouf et tëscht Bauschelt a Bungeref en Accident, bei deem en Auto an e Gruef geroden ass. Et gouf kee verwonnt an d’Automobilistin konnt hiert Gefier och aus dem Gruef befreien a weiderfueren. Well net konnt ausgeschloss ginn, dass d’Automobilistin gedronk hat, gouf se spéider vun enger Policepatrull kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
Zu Schëffleng gouf dann eng Persoun gemellt, déi mat hirem Won a Poubellë gerannt war. De Schëllege konnt ermëttelt ginn an och hei war den Alkoholtest positiv, wat als Konsequenz hat, dass de Fürerschäin agezu gouf.